Prouwen
D'Prouwen sinn Mëttwochs ëm 19.30 Auer um Ducsall vun der Kayler Porkierch. Kommt roueg bis era lauschteren.
Virowendmassen um Samschteg
All Samschteg, em 18.00 Auer sange mär d'Virowendmass fir Sonndes oder Wuertgottesdéngschter an der Kayler Porkierch.
50 Joer Amitié Française
Fir 50 Joer Amitié Française du Val de Kayl hëlleft eise Chouer, zesummen mat véier Chéier aus dem Kayldall, d'académesch Sëtzung am Kayler Veräinshaus gesanglech festlech ze begleeden. D'Chorale St. Pie X Kayl séngt dobäi e Lidd "Vive les Amitiés Françaises" mat engem Text vum Camille Thomé an enger Kompositioun vum Fernand Houblie. Mat dobäi bei dem grousse Rendez-vous sinn d'Choralen Ëmmer Frou Téiteng an d'Amies de la Chanson Kayl, an d'Choralen Ste Cécile vun Téiteng a Rëmeleng.
D'Chrëschtmetten
Um Virowend vu Chrëschtdag sange mir och eng feierleich Mass fir d'Chrëschtmetten ab 23.45 Auer an der Porkierch zu Kayl
Radiosmass 2019
Den 2. Juni dat nächst Joer sange mir erëm eng Radiosmass!
Weider Détailer iwwert eis Aktivitéiten am Hierscht a Wanter 2018 kritt Dir geschwënn op eiser Homepage matgedeelt.